PART 2/9 : 11F Charity Days (Gaming News, Clash Royale, Kahoot, Gang Beasts, RE 2, Broforce…)


No 50 Stonne Marathon si bei der 1. Editioun vun den “11F Charity Days” bal 6000€ zesumme komm. D’Mëschung tëscht Videospiller a Benevolat klappt och hei.

Vun e Freideg bis e Sonndeg huet sech d’Lëtzebuerger Gaming- Community zesummegedoen a probéiert mat engem Livestream-Marathon esou vill wéi méiglech Done wéi méiglech zesummenzekréien. Um Programm stounge Fortnite, FIFA, League of Legends, Retro-Spiller, Karaoke, Just Dance a vill aner Spiller.

Ënnert anerem goufen et och Workshoppen an Diskussiounsronnen. Iwwerdroe gouf den Event live an der Student-Lounge vum CEST, dat iwwert d’Streamingplattform Twitch.

Um Enn konnte 5.772€ gesammelt ginn, en top Resultat fir eng éischten Editioun zu Lëtzebuerg an e Grondstee fir dat nächst Joer, also 2020, nach méi fir MSF ze sammelen an ze spenden. Déi ganz Ekipp vun 11F Gaming wëll dann och all de Leit déi gespent hunn an awer och all de Leit déi beim Event matgehollef hunn, Merci soen.

Text : RTL (David Winter)